Coronaopfer – déi neisten Zuelen. E Gedicht

Sandra Schmit

[English translation] [Deutsche Übersetzung]

Marechen*, 82, Haus- a Witfra. Sutz zwou Wochen voll Angscht bei sech an der Stuff, d’Otemschutzmask, déi den Hausdokter hir matginn hat, fest um Gesiicht. Si huet näischt méi giess, si huet näischt gedronk, net geschlof, well am Bett huet den déidleche Virus gelauert. Dobausse bléien d’Krokussen, am Gaart, an deem se sou gäer gepotert huet. Mä vrun d’Dir sollt se net goen, et wäer net gesond. D’Natur huet d’neit Joer ouni si ugefaang. Gestuerf net u Corona, mä wéinst.

Jang*, 87, pensionnéierte Schmelzaarbechter. Säi Jong wunnt mat der Famill a Südfrankräich, an d’Grenze sinn zou. Säin Häerz hätt et alt nach e Joer gemaach, mä all hallef Stonn eng nei Horrornoriicht op RTL, dat huet en net gepackt. Säi Charel ass knapp iwwer 60, an elo gi se a Frankräich den ale Leit Pëlle, fir d’Beotmungsgeräter fräi ze maan. An dee komesche Kärel vu Rammstein läit och op der Intensivstatioun. Wann et dee schonn erwëscht, dann huet ee wéi säi Charel dach keng Chance. D’Dementien vu Stroosbuerg a Berlin huet de Jang net méi matkrut, e war mat sengem Tablet, friddlech wéi se soen, entschlof. Gestuerf net u Corona, mä wéinst.

Ben*, 16, Stephen Hawking Fan op Quatrième. Gouf an den Online Klasse grad sou gebullied wéi virdrun an der Schoul. Mä do huet en alt wéinstens d’Stella vun der 3e A an de Pause gesinn, den Highlight vum Dag, säi Stäer, ëm deen e gekreest. Neierdéngs haten Bullien en neie Spëtznumm fir hien: De Virus, well en ebe ganz heefeg geschnuddelt huet. Dat wäer jo nach gaang, mä de ganzen Dag mat senger panesch-besuergter Mamm an däer klenger Wunneng, nee merci, dat muss net sinn. 20 Gramm Paracetamol maachen den Dingscht, a Salut. Gestuerf net u Corona, mä wéinst.

Jeanne*, 53, Caissière an enger Supermarchéschaîne. U viischter Front, all Dag aacht Stonnen mat Mondschutz hannert der Plastiksscheif dem Feind sengem Ugrëff schutzlos ausgesat. Krut an der Nuecht héicht Féiwer a konnt net méi otmen. Hire Mann, de Paolo, huet d’Hotline ugeruff, den 112 war dauernd besat. Si hunn him gerod, se an der Kummer ze isoléieren, den Dokter kéim laanscht. De Paolo huet am Gank gekrasch, seng Fra hannert der Dir gekäicht a gejéimert. Wéi de Samu koum, huet se schonn net méi geotemt. Den Dag drop ass se op der Intensivstatioun gestuerf. Den Test war negativ. Nocebo. Gestuerf net u Corona, mä wéinst.

Eliane*, 42, Broschtkriibs am Endstadion. Si hat bis zum Schluss gekämpft, Operatioun a Chemio, näischt huet gedingt. Lo haat se just nach ee Wonsch, hirem Mann seng Hand ze halen, wann et esou wäit wäer. Du maachen d’Spideeler hir Diren zou. Um fréie Muergen stierft d’Eliane. Aleng. Net u Corona, mä wéinst.

An der selwechter Nuecht stierft am Zëmmer dernieft den Giovanni*, 50, un enger Longenentzündung. Trotz schwéirer Krankheet haat den Ex-Eisebunner bis zuläscht vun Deutschland sucht den Superstar gedreemt. Eemol um Fernseh, dat wär et gewiescht. De Virustest war leider negativ, bis op RTL huet en et och am Doud net gepackt. Well wann et net Corona ass, da kanns de deng Headline vergiessen.

*all Nimm vun der Schrëftstellerin geännert, aus deene bekannte Perséinlechkeetsschutzgrënn.