Sandra Schmit
[English translation] [Deutsche Übersetzung]
Mir bleiwe mam Aasch doheem. Alleguer. Kee geet méi eraus. Dann hu mer de ganzen Dag Zäit bei der Fenster ze setzen a bei d’Police klapen ze goen, wa sech der nach op d’Strooss trauen. Wat geet déi un. Eis Gesondheet esou ze gefährden. Mäerder. Déi gehéieren agespaart, fir ëmmer. Am Géigesaz zu eis. Mir bleiwe fräiwëlleg doheem.
Kee méi dobaussen. Alles roueg, kee Stierwestoun méi am Park, an der Akafsstrooss, op der Gare. All déi lästeg Leit, déi Drogendealer a Prostitutéiert, déi Strummerten an Rowdien, déi Vergewalteger, déi all zwee Meter an de Parkheiser op en Opfer gelauert hunn, alleguer fort. Alles propper, klinesch gebotzt. Sou ongezieferfräi krut et net emol de Meister Propper. Kee Wonner, war jo och e Mann. Also alles gutt elo.
D’Spideeler gi secher geschwënn eidel, net méi gebraucht. Well d’Kurv vun den Douegen, déi geet elo erof wéi näischt, ne? Et stierwe manner Leit, ne? Nee, net u Corona, am ganzen. All di al Leit, déi a Gefor si wéinst Corona, déi mer retten mat eisem selbstlose Verzicht op eis Grond- a Mënscherechter, déi bleiwen elo um Liewen, ne? Fir ëmmer an éiweg. Mir ginn onstierflech. Well agebunkert an eisen Heiser, do kann eis näischt méi passéieren. Wat e Gléck.