Dien Een an dat Anert

by Sandra Schmit

English translation

1979

Dien een: Hues de héieren, dohannen am Noen Osten mussen d’Fraën hiert Gesiicht erëm hannert engem Schleier verstoppen. Dass déi sech dat gefale loossen.
Dat anert: Vill Fraen wëllen dat och net. Mä wann s de dat eenzegt mat fräiem Kapp an enger Grupp vun 10 Fraë bass an domm ugegranzt gëss, dat brauchs de schonn enorm Mutt, fir de Schal net awer unzedinn.
Dien een: Also ech geng do net matmaachen. Et däeerf ee sech näischt gefale loossen. Dat geng et hei net ginn.
Dat anert: Da gëtt et hei eben eppes anescht. Sozialen Drock gëtt et an all Gesellschaft.
Dien een: Bei eis net. Ech geng einfach soen, da sollen d’Vergewalteger mol kommen. Ech fäerte se net.
Dat anert: D’Verhüllung ass net, fir sech selwer ze schützen. Si soll d’Männer schützen, dass déi net onnéideg opgegeilt ginn an zum Déier mutéieren. Hunn ech emol héieren. Wat wëlls de dogéint soen? Du wëlls jo net dat sinn, wat en aarme Mann zum Vergewalteger gemaach huet.
Dien een: Wat e Blech! Ech geng deenen an d’Gesiicht laachen.
Dat anert: Sou wéi s de dengem Chef an d’Gesiicht gelaacht hues, wéi e gesot huet, komm net méi an der Jeansbox op d’Aarbecht?
Dien een: Dat ass eppes anescht. Wéinst sou enger Klengegkeet spillen ech net de grousse Rebell.
Dat anert: Aha.
Dien een: Wat am Moment am Noen Osten ofgeet ass eng ganz aner Liga.
Dat anert: Am Ufank war et just eng Empfehlung. Mä well der sou vill sech net dru gehal hunn, ass et elo Pflicht.
Dien een: Wat sinn dat Feiglingen. Mat de Lëtzebuerger geng dat kee maachen. 1944 hu mer se mam Aasch aus dem Land gehäit, déi Faschisten, an dat genge mer och elo erëm maachen.
Dat anert: Deemols hunn och vill Leit de Bak gehal. An herno wëllt jiddereen en Held gewiescht sinn. Gengs du dech vrun eng Mitraillette stellen? Ech net.
Dien een: Oh freck, grad dir hätt ech awer méi Courasch zougetraut. Ech geng hinnen et weisen. Si sollen nëmme kommen, d’Faschoen, mir halen hinnen de Bass.
Dat anert: Ma da maach du dat.

*****

2020

Dien een: Wou ass däi Mask?
Dat anert: Wou soll se scho sinn, doheem am Schaf, wou se higehéiert.
Dien een: Esou ginn ech net mat dir vrun d’Dir.
Dat anert: Mir ginn dach nëmmen bis an de Park. E bëssche frësch Loft schnapen. Ënnert däer dommer Mask schnapen ech nëmmen no Loft, an otmen dee blöde Feinstaub an. Do protestéiere meng Longen. A mäi gesonde Mënscheverstand och.
Dien een: Den Noper huet seng zuguer am Gaart un, wann e säi Kaffi drenkt.
Dat anert: Weess de nach, zu Istanbul am Hotel, déi Fra mam Nikab, déi owes beim Iessen sech d’Stécker säitlech ënnert de Schleier gestach huet? Wat hues de deemols de Geck iwwert se gemaach. War mer total peinlech.
Dien een: Dat war eppes ganz anescht.
Dat anert: Wéi dann dat?
Dien een: Fro dach net esou domm, dat weess du ganz genau: D’Masken sinn net, fir sech selwer ze schützen. Si sollen déi aner schützen, dass een se net aus Versehen uspruddelt an infizéiert. Du wëlls jo net dat sinn, wat een Onschëllegen op d’Intensivstatioun brengt.
Dat anert: Déi läscht dräi Wochen hunn ech dach och keen op d’Intensivstatioun bruecht.
Dien een: Du hate mer och nach keng Masken. Elo hunn mer der. Also déi se un, a spill net wéinst sou enger Klengegkeet de grousse Rebell.
Dat anert: Sou grouss sinn ech net. Just 1.65 m.
Dien een: Eng grouss Schnëss hues de awer.
Dat anert: Sou wéi s du, wann s de téins, du gengs dech géint d’Diktatoren vun der ganzer Welt oplehnen?
Dien een: Wat am Moment ofgeet ass eng ganz aner Liga. Um Virus stierwen Mënschen!
Dat anert: Net nëmmen um Virus. Duerch dat Ausgangs- a Schaffverbued erhingeren an der Welt Zengdausende vu Leit oder stierwen u Krankheeten, déi e gesonde, gléckleche Mënsch locker ausgehal hätt. An all Dag gëtt et méi schlëmm.
Dien een: An dass haut hei bei eis erëm e Mann um Virus gestuerf ass, nëmme wëlls du der ze schéi bass, däi Mask unzedinn, dat ass der egal? Du bass esou häerzlos.
Dat anert: Wou ass et da meng Schold, dass deen ale Mann gestuerf ass? Mengs de, ech wier nuets an d’Pflegeheim geschlach an hätt en ugehouscht?
Dien een: Du bass e richtegen Zyniker ginn. Leit wéi s du sinn dru Schold, dass de Mask elo Pflicht ass. Am Ufank war et just eng Empfehlung. Mä et hunn der jo sou vill gemengt, si missten sech net drun halen.
Dat eent: Ech strahle jiddereen un, dee keng Mask unhuet. D’Lëtzebuerger sinn dach awer kee Vollek vu Feiglingen.
Dien een: Wat heescht hei Feigling? Ech wëll net lieweg ersaufen!
Dat anert: Ma dann déi deng Mask op an hal de Bak.
Dien een: Dat maachen ech och elo direkt. Mä virdrun, gëff mer mol e Kuss.
Dat anert: Vergiess et. Ech knutsche keng Maskenträger.
Dien een: Ech hu se dach nach guer net un!
Dat anert: Dach, dat hues de, schonn zanter Joren! An du mierks et emol net!