Covid-19. E Film vum Nico Sauber

Kamera: Nico Sauber
Kamera a Kommentar: Jeannot Huberty
Written translation: Sandra Schmit (see below)

Europa: Lëtzebuerg – Däitschland

Op de Grenzen lauert d’Gefor. Et gesäit een se net, et héiert een se net, eng Gefor mam Numm Covid-19. Wéint de Schengener Vertreeg kënnt se onbehënnert iwwer all Grenze goen. Déi däitsch Bevölkerung muss geschützt ginn mat Hëllef vum Schutzengel, dem Horscht vu Bayern.

Dat Nopeschland Lëtzebuerg, wou et Zoustänn gëtt wéi zu Sodom a Gomorrah muss isoléiert ginn. De Schutzengel Horscht mecht d’Grenzen zou. Eisen Ausseminister, den Asselborns Jang, ass entsat. Säi Plädoyer fir d’Schengener Ofkommes hëllt de sture Bayer net un.

[D’Stëmm vum Jean-Claude Juncker]: “… en zou mecht. E Virus hält een net doduerch op, dass een ënnerschiddlech Moossnahmen trëfft tëscht der däitsch-lëtzebuerger Grenz an der däitsch-hollännescher Grenz…”

Den Horscht mobiliséiert déi däitsch Grenzpolizei fir d’Republik géint d’Gefor aus Lëtzebuerg ze schützen. “Heim ins Reich kommt nur der mit dokumentiertem, triftigem Grund!”

Schwéierst arméiert verdeedegt d’Polizei dat däitscht Staatsgebiet. Et gesäit no Ierger aus: En däitsche Polizist verbitt engem Lëtzebuerger vu lëtzebuergeschem Buedem aus e Grenzkontroll-Asaz ze filmen. Hien informéiert säi Chef a wëll Ënnerstëtzung vun der lëtzebuergescher Polizei, déi keen Interessi weist, fir mech ze écartéieren.

Een traurege Spektakel op eisem Europadag, dem 9. Mee 2020.

*****

Covid-19
A film by Nico Sauber

Camera: Nico Sauber
Camera and commentary: Jeannot Huberty
Written translation: Sandra Schmit

Europe: Luxembourg – German

At the borders, danger is lurking. You can’t see it, you can’t hear it, a danger that bears the name Covid-19. Thanks to the Schengen Agreement, it can cross unhindered every border. The German population must be protected with the help of guardian angel Horscht of Bavaria [politician Horst Seehofer].

The neighbouring country Luxembourg, where Sodom and Gomorrah reigns, must be isolated. Guardian angel Horscht closes the border. Our minister of foreign affairs, our “Asselborns Jang” [Jean Asselborn], is horrified. His plea in favour of the Schengen Agreement is rejected by the stubborn Bavarian.

[Voice-over Jean-Claude Juncker]: “… is closed. A virus is not stopped by the fact that you take different measures concerning the German-Luxembourgish border than the German-Dutch border…”

Horscht mobilises the German border police, in order to protect the Republic against the danger from Luxembourg. “Only those who have a documented, cogent reason will get back home into the Reich!”

Heavily-armed, the police defends the German state’s territory. Here come’s trouble: A German policeman forbids a Luxembourger to film the border-control mission from Luxembourgish soil. He informs his boss and demands support from the Luxembourg police who shows no interest in removing me.

A sad spectacle on this our Europe Day, 9 May 2020.