Hüben net wéi drüben. E Film vum Nico Sauber a Jeannot Huberty

This is the sequel to Covid-19, which you can see here

Realisatioun: Nico Sauber a Jeannot Huberty
Kommentar: Jeannot Huberty
English translation: Sandra Schmit (see below)

Zwëschen Däitschland a Lëtzebuerg sinn d’Grenzen erëm op. Mission accomplie fir de Grenzschutzengel Horrscht. Hien huet säin Job gemaach. Elo kann e sech berouegt zréckzéien, well dank de Grenzkontrollen vum Horrscht schengt dat Schlëmmst an Däitschland gemeeschtert. Um Horrscht senger Säit vun der Musel pulséiert d’Liewen. Esouguer dat däitscht Fiedervolléck freet sech, dass d’Lëtzebuerger Touristen erëm sinn. Esouguer déi nach geféierlech Parasiten mat gielen Nummereschëlder kënnen op däitschem Territoire beim Opbau vun der däitscher Gastronomie hëllefen. D’Gastronomie, wann och mat sanitäre Virschrëften, ass erëm zum Liewen erwecht.

Däischter an düster gesäit et am Westen aus. Zu Luxusbuerg ass d’Situatioun eng ganz aner. Do lauert d’Gefor op all Eck an hannert all Heck. Den Xavier, eise Schutzpatroun vun de Gastronomen, ass besuergt.

[Hysteresch Stëmm vum Xavier Bettel]: “Et ass hei eng Course géint de Virus. A mir kënnen de Virus net déi Course wanne loossen. D’Regel ass: Ech bleiwen dobannen. D’Regel ass: Ech bleiwen isoléiert. D’Regel ass: Ech bleiwe mat deene Leit, wou ech doheem wunnen. D’Regel ass, dass ech am Fong déi sozial Kontakter op e Minimum reduzéieren.”

Eisen Xavier hält eng schützend Hand iwwert de Luxusbierger hiert léifstent Kand: eis Gastronomie. Wann eise Gastronomen eppes zoustéisst, gëtt et eng Katastrof. Si musse gerett ginn virum béisaartege Virus. An nëmme wann e besiegt ass, loosse mer dem Luxusbuerger seng liewenswichteg Gastronomen aus hirer secherer Stopp erëm eraus.

*****

Here not the same as there

by Nico Sauber and Jeannot Huberty
Commentary: Jeannot Huberty
English translation: Sandra Schmit

Between Germany and Luxembourg, the borders are open again. Mission accomplished for border guardian angel Horrscht [German politician Horst Seehofer]. He has done his job. Now he may retire in the safe knowledge that, thanks to Horrscht’s border controls, Germany has overcome the worst. On Horrscht’s side of the Mosella, life is pulsating. Even the German feathered folk rejoice now that the Luxembourgish tourists are back. And even the still-dangerous parasites with the yellow number plates are allowed to help rebuild the German catering industry on German territory. The catering industry, albeit with sanitary prescriptions, has awoken to new life.

In the west, things are looking dark and dismal. In Luxuryburg, the situation is an entirely different one. There, danger lurks at every corner and behind each hedge. Xavier, our patron saint of caterers, is worried.

[Hysteric voice-over of Luxembourg’s prime minister Xavier Bettel]: “This is a race against the virus. And we cannot let the virus win this race. The rule is: I stay inside. The rule is: I stay isolated. The rule is: I stay with the people I am living with at home. The rule is to basically reduce social contacts to a minimum.”

Our Xavier holds a protective hand over the Luxuryburgers’ most beloved child: our catering industry. Should anything happen to our caterers, it would be a catastrophe. They have to be saved from the malevolent virus. And only once it is vanquished will we let the Luxuryburgers’ so vital caterers out of their secure hidey-holes.