Maulkorbgesetz – deemols an haut

E Gedicht vum Sandra Schmit

Dëse Mount vrun 83 Joer
hunn Affekoten, Dichter, déi Jonk sech kloer
mat Aarbechter an Dokteren aus der Stad
fest a vereent géint d’Maulkorbgesetz agesat.

Am Mee ’37 konnt verhënnert ginn,
dass mer mussen e Maulkuerf undinn
zu eisem “Schutz”, wéi een et nennt,
ganz knapps allerdings, mat 50,7 Prozent.

Wat gengen déi Liberal, Sozial a Kommunisten vun deemols soen,
dass d’Lëtzebuerger vun haut e fräiwëlleg droen
op der Strooss, wa wäit a breet kee Mënsch
mat Anti-Bakterie-Sprutzmëttel op Hand an op Klënsch.

Wat genge se dovun halen, dass Blo, roud a gréng
Ënnert dem Virwand vun Angscht ganz frech a kéng
All d’Leit wéi e bëssegen Hond agespaart
An d’Kanner hunn Hausarrest, well se fir si “gefaart”.

Ech froe mech, wat genge se vun eis all halen,
eis Schrëftsteller a grouss Männer a Fraen
op déi mir esou stolz sinn, dass mer allen Ennen
Stroossen an Halen no hinne benennen?

Déi an de KZer gelitt a gestuerf
An déi mer mat vill Pomp a Staatséire begruef
Sollen se wierklech denken: “Mir hunn eis getraut,
A woufir? Fir deen antiseptesche Konsumkäfeg haut?”

Ech zumindest fäerten eng Mitraillette méi wéi eng Longenentzündung.
Si ass an der Moyenne och méi déidlech.


D’Yvonne Useldinger-Hostert, mat 15 Joer, op enger Demonstratioun géint d’Ordnungsgesetz, den 30. Mee 1937. Fënnef Joer méi spéit, et huet grad säin éischt Kand krut, hunn d’Nazien hatt an d’KZ Ravensbrück agespaart.