Paradäis – net verluer

vum Sandra Schmit

Englescht Original

D’Sonn um Grass, d’Welt rout wéi Feier
De Wand an den Hoer, an e Lidd am Ouer
E Laachen um Gesiicht, a Leidenschaft an der Séil
E Funken am Aa an d’Fräiheet als Ziel

An dann…
Ass d’Welt op en neits
Voll Hoffnung a voll Dreem

Du rëssels de Kapp
Schengt der dat zevill extrem?
An dach, mäi Frënd
gëtt et näischt wat méi einfach wir
well d’Welt – dat si jo schliesslech mir.

E wonnerschéinen 1. Mee fir eis all!!!