Just asking

by Sandra Schmit

English translation

De klenge Blummebuttek op der Strooss,
wou s de vrun der Dier deng Planze kafe konnts,
huet zou.
Ze geféierlech. Corona.

Also kafe mer eis Blummen
am riise Cactus an der Belle Etoile.
Eng Stonn an der Schlaang
am klimatiséierte Gebei,
dann nach eng Stonn
an der Schlaang an der Keess.
Mécht Sënn.
Oder?
Just asking.

*****

De Bicherbuttek um Eck,
wou s de bal aleng duerch d’Bicher bliedere konnts,
huet zou.
Ze geféierlech. Corona.

Also kafe mer eist Buch
am Match an der Concorde.
Ee Kilometer duerch de laange Gank,
laanscht den zouene Bicherbuttek an d’Papeterie,
am Convoi mat deenen anere Clienten
(zwee Meter Ofstand, soss bäisst dech der Däiwel)
eran an de Match, en Eck mat Bicher an Zeitungen, hurra.
Wat e Choix.
Séier, séier an d’Keess
an da lues, lues duerch d’Keess.
Mécht Sënn.
Oder?
Wann net, da kaf deng Bicher bei Amazon.
Déi stellen elo wéi mëll Leit an, wéinst dem Undrang.
Well DAT mécht wéinstens Sënn.
Oder net?
Just asking.

*****

E Kand huet Zännwéi.
Den Zänndokter däerf net schaffen.
Ze geféierlech. Corona.
Lo decidéiert e Krisestaf, ob den Zant plombéiert gëtt.
Vun engem Zänndokter, deen d’Elteren net bestëmmen däerfen.
Anerer bestëmme fir si.
Dat ass sécher e Corona-resistenten Zänndokter.
Well soss hätt ee jo och bei een anere goe kënnen.
Oder verstinn ech eppes falsch?
Just asking.

*****

Eise klengen Noper spillt mam Ball an der Strooss.
Dat däerf en.
Mengen ech.
Op d’Spillplaz däerf en net.
Ze geféierlech. Corona.

An de Bësch däerf en,
sou wäit ech dat verstan hunn,
och net.
Ze wäit ewech.
Och wann de Bësch direkt ëm den Eck ass.
Ausflich si verbued.
Well ënnerwee de Virus zouschléit?
Wéi soss de Robin Hood, als béise Wegelagerer?
Kapéieren ech net.
Du etwa?
Oder hues de schonn esou Angscht,
dass de dech dat guer net méi frees?
Net béis ginn.
I’m just asking.